BBC Rebound Préizerdaul

www.bbcpreizerdaul.lu

Historique

BBC Rebound Préizerdaul – Grënnung an éischt Schrëtt

Et wor tëscht Juni an August 1993, no engem Foussballmatch, wou am Préizerdauler Duerfcafé  „Beim Renée“ e puer Leit sech ënnerhaalen hunn an zoufälleg riets gaangen as iwwert Basket. Dës Leit woren de Schaefer Guy (réischt viru kuerzem am Préizerdaul bäigezunn), Niederkorn Patrick, Feyerstein André, Krantz Alain an Faltz Roger.

Bei dësem Gespréich as dunn erausfonnt ginn dat de Schaefer Guy an de Faltz Roger an hirer Jugend zu Hamm respektiv zu Ettelbréck Basket gespillt hunn.

Ma da komm mir ginn einfach bëssi Spillen wor déi éischt Reaktioun. Mee wouhin, well am ganzen Préizerdaul wor kee Basketskuerf?

Deen alleréischten „Spillowend“ no der Aarbecht  as dunn zu Grousbous op der Spillplaz ofgehalen ginn, spéider zu Ettelbréck bei der Ackerbauschoul. No ee puer Wochen haten sech ëm déi 10 Leit zesumme fonnt déi sech regelméisseg op deenen genannten Plazen getraff hunn fir ze spillen.

Duerno as d’Saach du méi konkret ginn, de Wëlle wor do fir een Veräin ze grënnen, an eng Delegatioun as mat hire Wënsch bei den Buergermeeschter Emile Calmes getrëppelt, deen sech dunn agesat huet fir dass dat ganzt sollt méiglech ginn.

A schonns as de Veräin offiziell erëm am Café „Beim Renée“ gegrënnt ginn.

De Comité huet sech folgendermoossen zesummegesat:

Präsident:            Schaefer Guy

Secrétaire:            Banz Roland

Caissier :               Niekerkorn Patrick

Memberen :         Feyerstein André, Krantz Alain a Faltz Roger

Duerno si Neel mat Käpp gemaach ginn:

Am Theaterssall vun der Schoul as ee Basketspanneau installéiert ginn, wou dunn Training ofgehale si ginn. Weider wor et méiglech 1x d’Woch zu Réiden een Training ofzehalen. Et as décidéiert ginn am Ufank just eng Seniorséquipe ze lancéieren.

Well et ze spéit wor fir sech direkt am Championnat anzeschreiwen, as dunn e puer Méint ënnert der Leedung vum Roger Faltz just trainéiert ginn.

D’Saison duerno wor et dunn esou wäit de BBC Préizerdaul wor offiziell Member vun der F.L.B.B. an eng Seniorséquipe huet um Championnat deelgeholl.

Schonns kuerz duerno as décidéiert ginn fir als Veräin méi grouss ze ginn an d’Jugend as mobiliséiert ginn. Dat Joer duerno huet eng Juniorséquipe ënnert der Leedung vum Roger Faltz um Championnat deelgeholl.

Aal Ettelbrécker Kollegen hunn dat ganzt verfollegt, an hunn sech dem Veräin als Spiller, spéider als Trainer ugeschloss, wat weider Méiglechkeeten bruecht huet, fir Jugendequipen opzebauen.

Mëttlerweil huet de Préizerdaul jo seng eegen Infrastruktur, wat et par Rapport zum Ufank, fill méi einfach mécht fir den Training ofzehalen.

Mee dat Ganzt geet nëmmen wann wierklech e Koup Leit do sinn déi sech zu 100% engagéieren, an domadder vill Zäit (an och Geld) investéieren. Natierlech as och bei der Jugend eng massiv Ënnerstëtzung vun den Elteren gefrot.

Ouni all dat as et schwéier méiglech dat een Veräin op laang Dauer iwwerlieft.

Roger Faltz